3. bis den 8. August 2026
Nationalbibliothéik | Lëtzebuerg Stad
Dësen August invitéiert d’Nationalbibliothéik Studenten a Lycéesschüler op d’BnL Summer School 2026: eng Geleeënheet, d’Beruffer an de Beräicher vum Bibliothéikswiesen, vun der Archivéierung a vun der Dokumentatioun kennenzeléieren.
Iwwer sechs Deeg verfollegen d’Participanten de Wee vum Buch an der Bibliothéik. A praktesche Workshoppen an am Austausch mat Experte léiere si, wéi eng Fäegkeeten a Kompetenzen noutwenneg sinn, fir Dokumenter ze erwerben, ze erhalen a fir d’Lieser zougänglech ze maachen.
D’Nationalbibliothéik ass den Haaptacteur vum Bibliothéikswiesen zu Lëtzebuerg. Si engagéiert sech fir d’Promotioun vun den informatiounswëssenschaftleche Beruffer duerch Aktivitéiten, Stagen, Beruffsausbildungen, Weider- an Éischtausbildungen.
Et kann ee sech bis den 3. Mai 2026 umellen.
De 6. August ass d’Jonk BAD an der BnL mat engem Stand vertrueden. Bei der Geleeënheet komme mir dann och kuerz laanscht Moie soen.
Bild: BnL

