BnL Summer School 2026

3. bis den 8. August 2026

Nationalbibliothéik | Lëtzebuerg Stad

Dësen August invitéiert d’National­bibliothéik Studenten a Lycées­schüler op d’BnL Summer School 2026: eng Geleeën­heet, d’Beruffer an de Beräicher vum Bibliothéiks­wiesen, vun der Archivéierung a vun der Dokumentatioun kennen­zeléieren.

Iwwer sechs Deeg verfollegen d’Participanten de Wee vum Buch an der Bibliothéik. A praktesche Workshoppen an am Austausch mat Experte léiere si, wéi eng Fäegkeeten a Kompetenzen noutwenneg sinn, fir Dokumenter ze erwerben, ze erhalen a fir d’Lieser zougänglech ze maachen.

D’National­bibliothéik ass den Haapt­acteur vum Bibliothéiks­wiesen zu Lëtzebuerg. Si engagéiert sech fir d’Promotioun vun den informatiouns­wëssenschaft­leche Beruffer duerch Aktivitéiten, Stagen, Beruffs­ausbildungen, Weider- an Éischtaus­bildungen.

Et kann ee sech bis den 3. Mai 2026 umellen.

De 6. August ass d’Jonk BAD an der BnL mat engem Stand vertrueden. Bei der Geleeënheet komme mir dann och kuerz laanscht Moie soen.

Bild: BnL