
Waat steet un?
- Studentefoire 202530 & 31/10/2025
- Walfer Bicherdeeg 202515 & 16/11/2025
BERODUNG
ZU BAD-STUDIEN A BERUFFER
- Ënnert dem Volet Berodung steet ganz uewen eise Studielisting, dee mir all Joers an Zesummenaarbecht mat eise Memberen opsetzen. An deem gi mir en Iwwerbléck iwwer d’Studienméiglechkeeten an eise Beräicher.
- Mir ënnerstëtzen Student*innen bei der Sich no Studentenjobs.
- Mir ënnerstetze Student*innen a Schüler*innen bei der Sich no Stageplazen.

VERNETZUNG
ËNNERT ALLEN ACTEUREN
- Mir stinn am Austausch mat Institutiounen: Duerch eis Aktivitéite wéi d’Berodung oder d’Vernetzung vun eise Memberen hu mir e reegelméissegen Austausch mat den Institutiounen aus dem Kultursecteur.
- Eis ass den Austausch ënnert de Memberen och e wichtegt Uleies. Fir dësen Austausch ëmmer nees opliewen ze loossen, organiséiere mir BAD-Meets, BAD-Friessen, Féierungen an Ausflich.
- Mir stinn am Austausch mat Associatiounen: Mir si Member vun der ACEL (Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois – Associatioun vun de Lëtzebuerger Student*inne Cerclen) a stinn doduerch a Kontakt mat Student*innen aus anere Fachberäicher.
- Mir stinn zudeem am Kontakt mat de Lëtzebuerger Beruffsverbänn an eisem Beräich, dem VLA (Veräi vun de Lëtzebuerger Archivisten a.s.b.l.) an, der ALBAD (L’Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes – Veräi vun de lëtzebuerger Bibliothecairen, Archivisten an Dokumentalisten).
BAD-STUDIUM
FIRWAT E BAD-STUDIUM MAACHEN?

- Mir liewe matzen am Informatiounszäitalter, an dofir brauche mir Leit, déi Struktur an déi ganz Informatioune bréngen, fir duerno eppes erëmzefannen – an zwar dat Richtegt.
- Bis ewell gëtt et keng Méiglechkeet fir d’Bibliothéikswiesen, d’Archivistik an d’Dokumentatioun zu Lëtzebuerg ze studéieren. Mir stinn hannert der Iddi fir esou e Studiegang méiglech ze maachen.
- Mir begréissen ënnert dësem Punkt besonnesch dat strategescht Zil vun der Nationalbibliothéik, d’Beruffer an der Informatiounswëssenschaft ze promouvéieren.









