2024 Summer BAD-Meets

De Summer bitt herrlech Geleeënheet fir ze entspaanen an d’Zäit mat Frënn a Famill ze genéissen. Et ass awer och déi perfekt Zäit fir sech professionell em ze kucken an nei Kontakter ze knëppen. Dofir organiséiere mir zanterdeem et d’Jonk BAD gëtt all Summer eis sougenannten BAD-Meets, bei deene dir d’Geleeënheet hutt, ze netzwierken, Erfarungen auszetauschen an iwwer Themen am BAD-Secteur ze diskutéieren.

Wat steet um Programm ?

Juli
Den 19. treffe mir eis an der Wiss niewent der Nationalbibliothéik
Den 20.-21. Rdv fir gemeinsam op de BD Festival zu Contern, Dag an Auerzäit TBA (Umeldung)
Den 26. an de Rotondes

August
Den 9. ass den Treff op der Terrasse vun der Escher Bibliothéik
Den 14. ass en Iessen am Qosqo um 19 Auer (Umeldung)
Den 20. treffe mir eis an der Wiss niewent der Nationalbibliothéik

All d’Meets ginn ab 18 Auer lass, ausser d’Auerzäit ass preziséiert.

Umeldung

Fir d’Meets mat Umeldung, schreift iech gären per Mail iwwert info@jonkbad.lu an.