Assemblée générale 2024

De Comité vun der Jonk BAD invitéiert op hir Assemblée générale (AG), déi
Samschdes, den 5. Oktober 2024 um 15:00 Auer gehale gëtt.

D’AG ass wéint der geografescher Dispersioun vun eise membres actifs och dës Joer online via Zoom. Wann Dir wëllt deelhuelen, schreift eis w.e.g. eng Mail un info@jonkbad.lu.

Ordre du jour

  1. Begréissungswuert vum President
  2. Vote vum Rapport vun der Assemblée Générale 2023
  3. Aktivitéitsrapport 2023/2024
  4. Keesserapport
  5. Rapport vun de Keesserevisor:innen
  6. Décharge vun der Keess
  7. Presentatioun vun de neie Stattuten ugepasst un d’ Gesetz n°6054 vum 7 August 2023 mat den modifizéierten Artikelen 2, 3, 6, 7, 12, 14, 16, 21, 22, 25 et 32
  8. Vote vun de neie Stattuten ugepasst un d’ Gesetz n°6054 vum 7 August 2023
  9. Agenda 2024/2025
  10. Décharge vum Comité
  11. Austriedend Comitésmemberen
  12. Presentatioun vun de Kandidate fir de Comité
  13. Walen vum neie Comité 2024/2025
  14. Fräi Diskussioun

Praktesch Infoen

All aktive Member vun der Jonk BAD huet eng Stëmm. Falls Dir net un der AG deelhuele kënnt, gitt är Stëmm w.e.g. un en anere aktive Member weider. All aktive Member dierf just eng weider Stëmm kréien, resp. insgesamt zwou Stëmmen hunn. De Formulaire fir d’Procura gëtt Iech per Mail vun eis geschéckt. Wann Dir kee Formulaire sollt kritt hunn, schéckt eis w.e.g. eng Mail un info@jonkbad.lu.

Wann Dir gären dem Comité bäitriede wëllt, kënnt Dir eis Är d’Schreiwes bis zum 26. September 2024 per Mail eraschécken. Op der AG hutt Dir och d’Méiglechkeet eng candidature spontané ze stellen. Dir musst dofir membre actif vun der Jonk BAD sinn (Nota bene: Fir membre actif ze ginn, musst Dir op enger Uni ageschriwwe sinn bzw. am Beräich Bibliothéikswiesen-, Archivistik- an Dokumentatioun oder engem konnexe Beräich studéieren an Är Cotisatioun min. 2 Deeg virun der AG bezuelt hunn : Member ginn).