Studentefoire 2024

Mir freeën eis op dech!

Fir d’Jonk BAD ass d’Studentefoire 2024 e wichtegen Highlight am Joer! Den 24. an 25. Oktober si mir um Campus Belval mat engem Stand vertrueden, fir dir als zukünfteg(e) Student*in all d’Informatiounen a Rotschléi ze ginn, déi’s de fir däi Studium a Studenteliewen brauchs.

D’Studentecercle sinn zesummen an der Maison des Arts et des Étudiants ze fannen.

Wat kanns du erwaarden, wann’s du bei eis laanschtkënns?

Austausch mat Student*innen an ehemolege-Student*innen:
Eis Memberen studéieren schonn zënter e puer Joren an ënnerschiddleche Fächer an Unien an Héischschoulen an Europäescher Unioun (natielrech mat “Ausräisser” z.B. a Kanada oder Schottland). Mir kennen déi erausfuerderend Ufankszäit vum Studium an d’Onsécherheet, déi domat verbonne ka sinn. Dofir si mir do, fir dir alles ze erklären, wat’s de iwwert d’Unien, d’Studiegäng an dat alldeeglecht Liewen als Student*in wëlls wësse – vum Bewerbungsverfaren, iwwer d’Studienorganisatioun, bis hin zu de beschte Plazen, fir sech mat Frënn ze treffen oder no Coursen ofzeschalten.

Nieft dem Fachlechen gëtt et och vill praktesch Saachen, déi d’Liewen als Student méi einfach maachen. Wéi fënnt een déi bescht Studentenwunnengen? Wéi plangt een säi Budget? Wat fir Associatiounen a Studentenzirkelen kënnen dir hëllefen, nei Leit kennenzeléieren? Bei eis kriss de Tipps aus éischter Hand, wéi’s du däi Studenteliewen clever a gläichzäiteg produktiv gestalte kanns. Eis ehemoleg Student*innen kënnen dir dann zielen wéi hir éischt Schrëtt am BAD-Beräich ausgesinn hunn, wéi eng Jobchancen dir opstinn an aus dem Berufsalldag erzielen.

Bei eis Organisatioun mat maachen:
Wann’s du Loscht hues, dech selwer an engem Studentencercle ze engagéieren, da komm bei eis! Mir sichen ëmmer no neien, motivéierte Memberen, déi sech mat aneren austauschen a gemeinsam Projeten organiséieren wëllen. Et ass eng super Méiglechkeet, nei Frëndschaften ze knëppen an dobäi wichteg Fäegkeeten ze léieren, déi dir net nëmmen am Studium, mee och am Liewen dono weiderhëllefen.

Virtuelle Stand:
Fir déi, déi net perséinlech kënnen dobäi sinn, oder déi sech schonn am Virfeld informéiere wëllen, gëtt et och d’Méiglechkeet, iwwer déi digital Plattform ab dem 16. Oktober mat eis a Kontakt ze trieden. Hei fënns du all wichteg Dokumenter an Informatiounen, an och no der Foire kanns du alles nach eng Kéier a Rou nogucken.

Mir freeën eis op dech, egal ob um Belval oder digital! Komm laanscht, snack bei eis Eilen! Mir hëllefen dir gären, déi richteg Decisioune fir deng Studienzäit ze treffen!