Archivmount 2024: Virtrag am Gemengenarchive Miersch

Am Kader vum Archivmount 2024 vum Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten bitt d’Gemengenarchive Miersch zesumme mat der Jonk BAD den Virtrag “Wat ass d’Gemengenarchiv Miersch?” un.

Freides, den 14. Juni 2024 um 18 Auer versammele mir eis beim Gemengenarchive zu Miersch | Adress: Square Marie Astrid L-7561 Mersch. Opgepasst : Den Accès ass bei de Garageparten vun der Nic Welter Schoul. D’Visitt dauert eng Stonn.

Umeldung

Bei Interessi mëllt Iech w.e.g. bis den 9. Juni iwwer info@jonkbad.lu un. E maximum un zéng Persounen dierfen deelhuelen. D’Sprooch vun der Visite ass Lëtzebuergesch.

Programm

Méi zum Archivmount fannt Dir op der Facebook-Säit an op der Websäit vum VLA.