9. Oktober 2025
15:00-17:00
Maison de l’Orientation | 29, rue Aldringen L-1118 Stadt Lëtzebuerg
Obligatoresch Umellung bis den 7. Oktober!
Inscription obligatoire / Obligatorische Anmeldung / Mandatory Registration
Entdeckt déi villfälteg Welt vun de Beruffer: Bibliothécair*in, Archivist*in oder Documentalist*in!
Wéi vill vun iech wësse schonn, datt d’Beruffer vum Bibliothécair*in, Archivist*in oder Documentalist*in méi sinn wéi nëmmen Bicher opraumen a Stëbs vun ale Dokumenter wëschen? Dës spannend Beruffer ginn Iech d’Méiglechkeet, mat modernster Technologie ze schaffen, d’Wësse vun haut an der Vergaangenheet ze dokumentéieren an op eng nei Aart a Weis un d’Organisatioun vu Wëssen erunzegoen.
Wat erwaart dech?
An dëser Sessioun kriss du:
- En Iwwerbléck iwwert den BAD-Secteur zu Lëtzebuerg.
- Tipps a Rotschléi iwwer d’Studiegäng an Ausbildungsméiglechkeeten, déi fir dës Karriären relevant sinn.
- Eng Geleeënheet, mat Fachleit aus dësem Beräich ze schwätzen a Froen ze stellen.
Dëst Evenement ass ideal fir jiddereen, dee sech fir d’Organisatioun vu Wëssen, d’Geschichtsbewahrung oder d’Management vun Informatiounssystemer interesséiert.
D’Event ass gratis, mee dir musst Iech bis de 7. Oktober iwwert de Site vum Maison de l’Orientatioun ugemellt hunn!
Falls nach Froen sidd, schreift ons gären eng E-Mail op info@jonkbad.lu.
Mir freeën eis op dech!