28. Mäerz 2026
ab 09:00 bis Nomëttes
Campus Belval | Esch-Uelzecht
Am Kader vum Student fir 1 Dag hutt dir den 28. Mäerz d’Méiglechkeet eng Presentatioun vun eis ze héieren an un engem Workshop deel ze huelen. Mat dobäi si Student*innen aus dem BAD-Beräich a Léit aus dem Beruff fir Iech ze informéieren an är Froen ze beäntweren.
Den Dag geet um 9 Auer lass mat enger Presentatioun vun der Uni.lu an der ACEL. Duerno gi mir an e separate Sall fir eise Programm ze maachen.
Presentatioun
- Ween ass d’Jonk BAD?
- Abléck an d’Bibliothéikswiesen, d’Archivistik an d’Dokumentatioun
- Studien- a Stageméiglechkeeten
- Anekdote vu Student*innen aus Studium, Stagen a Studentenjobs
Workshop
- Abléck a verschidden Aufgaben aus dem Beruff
Questions & Answers
- Dir kënnt eis zu all Moment Froe stellen, oder bis zum Schluss waarden
An der Mëtt vum Programm maache mir eng Paus an där dir e Bréitchen ze iesse kritt. Dëst ass am Umeldungspräis vu 5€ mat abegraff. Kuerz Pause sinn zu all Moment méiglech.
Mir sinn Nomëttes fäerdeg. Genau Informatiounen dozou kommen nach no.
Umeldeschluss ass de 25.03. Umelle kënnt dir Iech iwwert de Site ënnen.
Bild: ACEL

