Studentefoire 2025

30. & 31. Oktober 2025

09:00-18:00 (30.)
09:00-16:00
(31.)

Campus Belval | Esch-Uelzecht


De 30. a 31. Oktober si mir op der Studentefoire 2025 um Campus Belval mat engem Stand vertrueden, fir dir als zukünfteg(e) Student*in all d’Informatiounen a Rotschléi ze ginn, déi’s de fir däi Studium a Studenteliewe brauchs.

Dir fannt eis an der Maison des Arts et des Étudiants um Rez-de-chaussée.

Wat kanns du erwaarden, wann’s du bei eis laanschtkënns? Austausch mat Student*innen an eemolege-Student*innen:
Eis Membere studéiere schonn zënter e puer Joren an ënnerschiddleche Fächer an Unien an Héichschoulen an der Europäescher Unioun (natierlech mat Ausnamen z.B. a Kanada oder Schottland). Mir kennen déi erausfuerderend Ufankszäit vum Studium an d’Onsécherheet, déi domat verbonne ka sinn. Dofir si mir do, fir dir alles ze erklären, wat’s de iwwert d’Unien, d’Studiegäng an dat alldeeglecht Liewen als Student*in wëlls wësse – vum Bewerbungsprozess, iwwer d’Studienorganisatioun, bis hin zu de beschte Plazen, fir sech mat Frënn ze treffen oder no Coursen ofzeschalten.

Nieft dem Fachleche gëtt et och vill praktesch Saachen, déi d’Liewen als Student méi einfach maachen. Wéi fënnt een déi bescht Studentewunnengen? Wéi plangt een säi Budget? Wat fir Associatiounen a Studentencercele kënnen dir hëllefen, nei Leit kennenzeléieren? Bei eis kriss de Tipps aus éischter Hand, wéi’s du däi Studenteliewen clever a gläichzäiteg produktiv gestalte kanns. Eis eemoleg Student*innen kënnen dir dann ziele wéi hir éischt Schrëtt am BAD-Beräich ausgesinn hunn, wéi eng Jobchancen dir opstinn an aus dem Beruffsalldag erzielen.

Bei eiser Organisatioun mat maachen:
Wann’s du Loscht hues, dech selwer an engem Studentencercel ze engagéieren, da komm bei eis! Mir sichen ëmmer no neien, motivéierte Memberen, déi sech mat aneren austauschen a gemeinsam Projeten organiséiere wëllen. Et ass eng super Méiglechkeet, nei Frëndschaften ze knëppen an dobäi wichteg Fäegkeeten ze léieren, déi dir net nëmmen am Studium, mee och am Liewen dono weiderhëllefen.

Komm laanscht! Mir hëllefen dir gären, déi richteg Decisioune fir deng Studienzäit ze treffen!

Falls nach Froen sidd, schreift ons gären eng E-Mail op info@jonkbad.lu.

Mir freeën eis op dech!