15. & 16. November 2025
10:00-19:00 (Samstes, 15.) | 10:00-18:00 (Sonndes, 16.)
Walfer | Stade Prince Henri
Endlech si nees d’Walfer Bicherdeeg! D’Walfer Bicherdeeg sinn déi perfekt Geleeënheet fir alles iwwert den Univers vum Buch a Lëtzebuerg gewuer ze ginn. Nieft den Auteur*innen, de Verläg an de Bookinist*innen, sinn och mir, d’Jonk BAD, de 15. bis den 16. November mat engem Stand vertrueden.
Wat erwaart Iech um Stand?
Mir wäerten net nëmmen iwwert eis Liblingsbicher poteren – Versprach! – dir kritt och Informatiounen iwwert den BAD-Beräich a Stageméiglechkeeten zu Lëtzebuerg, souwei iwwert Studiegäng am Ausland. Eis Memberen an eemoleg Memberen sinn do fir Iech ze beroden an ären Froen Ried an Äntwert ze stoen. Literatur a Wëssen si fundamental, egal a wéi engem Beräich du studéiers, a mir wëllen dech op d’Rees mat huelen!
Mir freeën eis drop, dech bei eisem Stand ze begréissen! Mir wäerten bereet sinn, mat dir iwwert Bicher, Stagen a Studieninhalter ze diskutéieren. Komm op en informellt Gespréich laanscht!
Bis geschwënn op de Walfer Bicherdeeg 2025!
Bild: Commune de Walferdange – Bicherdeeg