Walfer Bicherdeeg 2026

21. & 22. November 2026

10:00-19:00 (Samstes, 21.) | 10:00-18:00 (Sonndes, 22.)

Walfer | Stade Prince Henri

Et ass erëm sou wäit: d’Walfer Bicherdeeg sti virun der Dier! Wien sech fir d’Bicherwelt zu Lëtzebuerg interesséiert, ass hei genau richteg. Nieft Auteur*innen, d’Verläg an de Bookinist*innen ass och d’Jonk BAD de 21. an 22. November mat engem eegene Stand dobäi.

Wat erwaart Iech um Stand?

Mir weisen Iech, wat de BAD-Beräich alles ze bidden huet. Dir kritt Infoen iwwer Stagen zu Lëtzebuerg an iwwer Studiegäng am Ausland. Eis Memberen an eemoleg Membere sinn do fir Iech ze beroden an ären Froe Ried an Äntwert ze stoen. Literatur a Wëssen si fundamental, egal a wéi engem Beräich du studéiers, a mir wëllen dech op d’Rees mat huelen! A wann Dir einfach just iwwer Är Liblingsbicher potere wëllt, sidd Dir bei eis och richteg.

Mir freeën eis drop, dech bei eisem Stand ze begréissen! Mir wäerten bereet sinn, mat dir iwwert Bicher, Stagen a Studieninhalter ze diskutéieren. Komm op en informellt Gespréich laanscht!

Bis geschwënn op de Walfer Bicherdeeg 2026!

Bild: Commune de Walferdange – Bicherdeeg