Visite guidée: Ars Heraldica | Entdeckt d’Welt vun de Wopen

Kommt mat op eng exklusiv gefouert Tour duerch d’Ausstellung “Ars Heraldica”, geleet vum Direkter Claude D. Conter. Den 29. Juli um 18:30 Auer hutt Dir d’Geleeënheet, méi iwwer d’Geschicht an d’Bedeitung vun de Wopen ze léieren an déi wäertvoll Manuskripter aus der Sammlung vum Dr. Jean-Claude Loutsch ze bewonneren. Den Treffpunkt ass am Hall vun der Nationalbibliothéik | 37D, Av. John F. Kennedy, 1855 Lëtzebuerg an d’Féierung gëtt op Lëtzebuergesch gehalen.

Mellt Iech un, andeems Dir eng E-Mail un info@jonkbad.lu schéckt. D’Plazen si limitéiert, also séchert Iech séier är Plaz!

Wann Dir ewell immens virwëlzeg sidd, kënnt Dir schonn e Bléck an d’3D-Tour geheien:
Link: “Ars Heraldica”

Kommt an entdeckt d’Faszinatioun vun de Wopen an hir Geschicht – mir freeën eis Iech do erem ze gesinn!

! MIR SI KOMPLETT ! Mir kënne leider keng weider Umeldungen unhuelen a soen iech Merci fir den aläerten Interessi.