Author: Admin
-

-

-
Maison de l’Orientation 2025
9. Oktober 2025 15:00-17:00 Maison de l’Orientation | 29, rue Aldringen L-1118 Stadt Lëtzebuerg Obligatoresch Umellung bis den 7. Oktober! Inscription obligatoire / Obligatorische Anmeldung / Mandatory Registration Entdeckt déi villfälteg Welt vun de Beruffer: Bibliothécair*in, Archivist*in oder Documentalist*in! Wéi vill vun iech wësse schonn, datt d’Beruffer vum Bibliothécair*in, Archivist*in oder Documentalist*in méi sinn wéi…
-
Studentefoire 2024
Mir freeën eis op dech! Fir d’Jonk BAD ass d’Studentefoire 2024 e wichtegen Highlight am Joer! De 24. a 25. Oktober si mir um Campus Belval mat engem Stand vertrueden, fir dir als zukünfteg(e) Student*in all d’Informatiounen a Rotschléi ze ginn, déi’s de fir däi Studium a Studenteliewe brauchs. D’Studentecercele sinn zesummen an der Maison…
-
Assemblée générale 2024
De Comité vun der Jonk BAD invitéiert op hir Assemblée générale (AG), déi Samschdes, den 5. Oktober 2024 um 15:00 Auer gehale gëtt. D’AG ass wéint der geografescher Dispersioun vun eise membres actifs och dës Joer online via Zoom. Wann Dir wëllt deelhuelen, schreift eis w.e.g. eng Mail un info@jonkbad.lu. Ordre du jour Praktesch Infoen…
-
2024 Summer BAD-Meets
De Summer bitt herrlech Geleeënheet fir ze entspaanen an d’Zäit mat Frënn a Famill ze genéissen. Et ass awer och déi perfekt Zäit fir sech professionell em ze kucken an nei Kontakter ze knëppen. Dofir organiséiere mir zanterdeem et d’Jonk BAD gëtt all Summer eis sougenannten BAD-Meets, bei deene dir d’Geleeënheet hutt, ze netzwierken, Erfarungen…
-
Visite guidée: Ars Heraldica | Entdeckt d’Welt vun de Wopen
Kommt mat op eng exklusiv gefouert Tour duerch d’Ausstellung “Ars Heraldica”, geleet vum Direkter Claude D. Conter. Den 29. Juli um 18:30 Auer hutt Dir d’Geleeënheet, méi iwwer d’Geschicht an d’Bedeitung vun de Wopen ze léieren an déi wäertvoll Manuskripter aus der Sammlung vum Dr. Jean-Claude Loutsch ze bewonneren. Den Treffpunkt ass am Hall vun…
-
Archivmount 2024: Virtrag am Gemengenarchive Miersch
Am Kader vum Archivmount 2024 vum Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten bitt d’Gemengenarchive Miersch zesumme mat der Jonk BAD den Virtrag “Wat ass d’Gemengenarchiv Miersch?” un. Freides, den 14. Juni 2024 um 18 Auer versammele mir eis beim Gemengenarchive zu Miersch | Adress: Square Marie Astrid L-7561 Mersch. Opgepasst : Den Accès ass bei de…
-
Fachspezifesche Student fir 1 Dag 2024
Den 11. Mee 2024 @Belval Maison du Savoir | Adress : 2, place de l’Université, L-4365 Esch-sur-Alzette. D’ACEL invitéiert op hiren Event Student fir 1 Dag (SF1D) an dëst Joer ganz nei och fir déi fachspezifesch Cerclen! Programm 08:30 Accueil am Auditoire. Et geet lass mat enger Presentatioun vun der ACEL an der Universitéit Lëtzebuerg.…
