Fachspezifesche Student fir 1 Dag 

Den 11. Mee 2024 @Belval Maison du Savoir | Adress : 2, place de l’Université, L-4365 Esch-sur-Alzette.

D’ACEL invitéiert op hiren Event Student fir 1 Dag (SF1D) an dëst Joer ganz nei och fir déi fachspezifesch Cerclen!

Programm

08:30 Accueil am Auditoire. Et geet lass mat enger Presentatioun vun der ACEL an der Universitéit Lëtzebuerg.

09:00 D’Jonk BAD stellt sech vir. Eis éischt Intervenante si Studentinne vun der TH Köln (Däitschland) an der École nationale supérieure des sciences de l’information et des bibliothèques (Frankräich). Eis zweet Intervenante ass am Beruff a schafft an der Lëtzebuergescher Nationalbibliothéik (BnL).

12:00 Mëttegpaus – D’ACEL suergt fir Verpfleegung; et gëtt Bréidercher, Croissanten, Gedrénks an och Kaffi !

13:15 Visitt guidée am LLC

Umeldung

Iwwert den Umeldungssite vun der ACEL gëss du méi iwwert de Sf1D gewuer. Mell dech direkt iwwert hire Site un.